Klassik aktuell
"The Messiah" um Europadag
Sinn et professionell Museker? Si méi wéi zéng Leit sur Scène? Si méi wéi 100 Leit am Public present? Gëtt et ee sanitäert Konzept? De Kulturministère huet eng ganz Rëtsch vu Froen, wann et drëms geet, am Ablack e Concert ze organiséieren. Déi lescht Instanz ass dann awer d'Santé. Et gouf deemno eng ganz Partie Contraintë fir de Concert mat Extraite vum Händel sengem "Messiah" fir en nächste Sonndeg op d'Been ze stellen. Den Organisateur, de Rosch Mirkes, an den Dirigent, de Marco Battisttella, hunn den Challenge ugeholl, an de Manuel Ribeiro huet mat hinne geschwat.