arrow_back_ios
Klassik aktuell
Den OPL kritt eng Orchesterakademie
An der neier Saison solle siwen nei Musekerinnen a Museker am Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg spillen. Den Ament lafen nämlech d'Ausschreiwunge fir eng nei gegrënnten Orchesterakademie, déi an der Saison 2021/22 mam éischte Concert vum OPL lancéiert gëtt. Wat genee ass eng Orchesterakademie? Wéi ass se opgebaut? A wéi grouss ass den Interessi un dëser neier Institutioun? De Luc Boentges huet an der Philharmonie nogefrot.