arrow_back_ios
Klassik aktuell
"Een Eco-System"
Mat engem Eco-System vergläicht d'Geiistin Harumi Rhodes vum Takacs-Quartett e Sträichquartett, e System, wou vill kleng Riedercher zesummen musse fonctionéieren. Beim Takacs-Quartett lafen déi Riedercher wéi geschmiert, an duerfir gehéiert dës Formatioun zu deene beschten an hirem Fach - an dat an all Repertoire. Dat ënnersträicht och de Programm vum Concert, dee si en nächste Méindeg (17. Mee 2021) an der Philharmonie proposéieren: Wierker vun Haydn, Brahms an Dutilleux.