Klassik aktuell
Réson(d)ance
12 min
Den Ufank vum 20. Joerhonnert war déi grouss Zäit vun enger neier Musek an och vun engem neien Danz. Paräis war den Zentrum, wou Komponisten, Choreographen, Dramaturgen an Dänzer zesummekoumen an nei Formen exploréiert hunn. An dës spannend Zäit hëlt eis haut den Owend (14.5.2021) den Orchestre de Chambre du Luxembourg am Kinneksbond zu Mamer mat. Den Orchester begleet Choreographië vu Jill Crovisier a Rhiannon Morgan op Musek vum Claude Debussy a vum Darius Milhaud. Dirigentin ass d'Corinna Niemeyer.