Kultur
Aus Léift zur Konscht: Pinault-Musée-Aweiung den 22. Mee
4 min
De 16. Mee war den internationale Muséesdag. An e stoung ënnert dem Motto "L'avenir des Musées: se rétablir et se réinventer". Nodeems d'Kulturhaiser e Joer laang éischter zougaange sinn, hier Équipen iwwer nei Konzepter fir Corona-Zäiten nogeduecht hunn, hu se hier Diere grouss opgemaach. Ee Mann schéngt dovunner iwwerzeegt ze sinn, datt d'Muséeën egal wéi fir d'Zukunft stinn: de franséische Milliardär François Pinault. Hie wäert, wann alles riicht leeft, den 22. Mee, säin neie Musée "Bourse de Commerce - Pinault Collection" aweien. Explicatioune Kerstin Thalau.