Klassik aktuell
En Amateur-Orchester fir d'Philharmonie
7 min
En Amateurorchester, keng Feier fir de 15. Gebuertsdag, eng Ouvertüre vun der Philharmonie fir Touristen am Summer an en neien Internetsite: Trotz dem Impakt vun der Pandemie, kuckt een an der Philharmonie no vir. No vir kuckt och d'Lydia Rilling. Déi aktuell Chefdramaturgin an Directrice Artistique vum de rainy days verléisst d'Concertshaus 2022 fir d'Direction Artistique vum renoméierte Festival fir nei Musek Donaueschinger Musiktage z'iwwerhuelen. D'Lëtzebuerger Kulturzeen wäert och op hir nei Tâche en Afloss hunn, wéi si e Samschdeg (15.05) an der Emissioun Riicht Eraus verroden huet. Zesumme mam Stephan Gehmacher, dem Direkter vun der Philharmonie war sie Invité beim Luc Boentges.