Klassik aktuell
Spuenesch Musek aus dem 21. Joerhonnert
"Mural" vum Francisco Coll war den 23. September 2016 eng vun den éischte Creatiounen, déi de Gustavo Gimeno als Chefdirigent vum Philharmonesc hen Orchester Lëtzebuerg dirigéiert huet. Iwwert d'Joren ass eng enk musikalesch an och perséinlech Frëndschaft tëscht béide Museker vu Valencia entstanen. D'Musek vum Francisco Coll fënnt sech reegelméisseg an de Programmen vum Gustavo Gimeno. Bei dëse valencianeschen Duo ass d'Geiistin Patricia Kopatchinskaja derbäi komm an e gemeinsame Projet entstanen, deen 2020 realiséiert gouf: e Geieconcerto, uropgefouert an der Philharmonie. De Concerto an aner Wierker fënnt een elo op dem neien Disque vum Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg, de muer Freideg (21.5.2021) offiziell erauskënnt.