Klassik aktuell
Schumann a Brahms
2019 war den Nikolai Szeps-Znaider fir d'lescht als Chef Invité beim Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg - deemools mat engem spéitromantesche Programm - Wierker vu Richard Strauss an Edward Elgar. De Geiist an Dirigent - zanter senger Participatioun beim Concours Reine Elisabeth am Joer 1997 e reegelméissege Gaascht zu Lëtzebuerg - ass haut den Owend an der Philharmonie an dirigéiert een héichromantesche Programm: de Pianosconcerto vum Robert Schumann - mam Saleem Ashkar als Solist - an déi 2. Symphonie vum Johannes Brahms. De radio 100,7 iwwerdréit de Concert den Owend um 20.00 Auer.