Kultur
Dem Orhan Pamuk säin neie Bestseller-Roman
Den Orhan Pamuk ass 1952 zu Istanbul gebuer, huet do Architektur a Journalismus studéiert, duerno e puer Joer zu New York gelieft. 2006 war hien den éischten türkeschen Auteur, dee mam Literaturnobelpräis ausgezeechent gouf. Mat ee Grond war, datt de Pamuk a senger Literatur ëmmer nees aktiv versicht, tëscht Orient an Okzident ze vermëttelen. Wat a senger Heemecht net onbedéngt unerkannt gëtt. Elo huet hien säi 540 Säiten décke Roman "Pestnächte" erausbruecht, an trëfft domat, fir den ARD-Korrespondent Christian Buttkereit, genee an dat Schwaarzt.