arrow_back_ios
Klassik aktuell
9 Symphonien, 9 Stied
Och d'Pandemie kann de Ludwig van Beethoven a seng Musek net ophalen. Nodeems de groussen europäesche Marathon mat den néng symphonien op engem Dag am Joer vum 250. Gebuertsdag huet missen ofgesot ginn, gëtt d'Saach elo nogeholl: de 6. Juni diffuséiert arte tëscht vu 12.45 bis 22.30 dem Ludwig van Beethoven seng 9 Symphonien aus 9 Stied. Eng vun de Statiounen ass Lëtzebuerg, wou d'Sylvia Camarda eng Choreographie op déi 4. Symphonie proposéiert.