arrow_back_ios
Klassik aktuell
Een neit Klangkleed fir de radio 100,7
Jingelen hëllefen dem Nolauschterer, sech am Programm ze orientéiere vrun allem awer sech mat hirem Radio ze identifizéieren. Mat sengem neien Habillage d'antenne, deen dir vun en nächste Méindeg (31.5.2021) un héiert, weist de radio 100,7sech an engem frëschen, modernen Gewand zum Deel an opulentem Sound. Fir déi Eegeproduktioun hat de radio 100,7 experimentéiert Partner: de Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg an den Dirigent Gast Waltzing.