arrow_back_ios
Kultur
D'Eline Benjaminsen hannerfreet de Finanz-Jargon fotografesch
Di 8. Editioun vum European Month of Photography steet ënnert dem Motto "Rethinking nature, rethinking landscape". No an no ginn hei am Land, zu deem Thema, 26 Expoen op. Di jonk norwegesch Fotografin Eline Benjaminsen, déi an Holland studéiert, lieft a schafft, presentéiert hire Projet "Collapsed mythologies" zum Beispill am Waassertuerm vum Centre national de l'audiovisuel zu Diddeléng. Si interesséiert sech fir eng komplett abstrakt Landschaft: d'Finanzwelt. D'Kerstin Thalau hat d'Geleeënheet, d'Eline Benjaminsen kennen ze léieren.