Klassik aktuell
Mr. Nobody's Music
Wéi eng Musek ass effektiv vum Josquin des Prés, wéi eng Kompositioun gouf ëm einfach zougeschriwwen - dat ass eng vun de wesentleche Froen, déi sech grad am Joer vum 500. Doudesdag vum franko-flämesche Komponist stellen. Besonnesch aus der Renaissance gëtt et vill Kompositiounen, vun deenen den Auteur definitif net bekannt ass oder wou een net mat absoluter Sécherheet een Numm drop setze kann. Mat der Entwécklung vun der Drocktechnik an der Multiplikatioun vu Partiture kommen och vill Komponisten aus der Anonymitéit eraus.