arrow_back_ios
Klassik aktuell
Face-à-Face: Schubert
E Sonndeg (30.05) steet an der Philharmonie dee leschte Concert fir dës Saison aus der Serie "Face-à-Face" um Programm. Nodeems et bei deene leschten zwee Concerten ëm dem Franz Schubert seng Lieder an ëm säi Sträichquartett "Der Tod und das Mädchen" gaangen ass, stinn dës Kéier zwee Wierker fir Piano zu véier Hänn um Programm. Wärend d'Gebridder Jussen eng Fantasie an e Rondo interpretéieren, proposéiert de Stephen Johnson eng Introduktioun a béid Wierker.