arrow_back_ios
Klassik aktuell
Vu Bulgarien iwwer Éisträich op Lëtzebuerg
No intensive Studien a musikaleschen Aktivitéiten als Solistin, Orchestermusekerin an Enseignante an Éisträich kënnt déi bulgaresch Flüttistin Maria Miteva am Joer 2009 op Lëtzebuerg, wou se sech schëtzeg am Museksliewen etabléiert - ënner anerem als Matgrënnerin vum Ensemble fir Nei Musek ArsNovaLux. Elo publizéiert d'Maria Miteva - no "Danses et rêves" mat hirer Gitarrepartnerin Olga Dimitrova - eng nei CD ënnert dem Titel "Ways". De Release ass e Freideg (4.6.2021) an der Philharmonie.