arrow_back_ios
Fräie Mikro
"Betriber mussen och Mataarbechter mat Behënnerung astellen"
Fir datt Mënsche mat enger Behënnerung méi Chancen um Aarbechtsmaart kréien, mussen d'Gesetzer méi contraignant ginn. Där Meenung ass den Andrea Di Ronco de Moien an eisem Fräie Mikro. De Mataarbechter vun Info Handicap an Educateur gradué huet sech de Bilan ugekuckt vun de Quoten, déi d'Entreprisen an de Staat fir Mataarbechter mam Statut vum Salarié handicapé erfëlle mussen.