arrow_back_ios
Fräie Mikro
Vu Kannerrechter a Marketing
Lëtzebuerg ass Kandidat fir e Sëtz am Mënscherechtsrot vun der UNO. An der Präsentatioun fir des Kandidatur ginn d'Rechter vum Kand als eng vun de Prioritéiten vun eisem Land duergestallt. Wann et awer hei am Land drëms geet des Rechter konkret ze stäerken ass des vermeintlech Prioritéit heiansdo just Makulatur, fënnt den Affekot a Mënscherechtsaktivist Frank Wies am Fräie Mikro vun haut.