arrow_back_ios
Klassik aktuell
Der Däiwel, eng Gei an e Buch
Wann e sech mat der Däiwel aléist, kritt dat seelen e gutt Enn: Dat huet schonn dem Goethe säi Faust missen erkennen, an esou geet et och dem Protagonist an "L'Histoire du soldat" vum Igor Strawinsky. All Striewen no Räichtem a Gléck ass um Enn fir d'Kaz a bréngt just Misère. Kammerata Lëtzebuerg, Kopla Bunz an déi zwee Kulturheiser CAPE an Trifolion proposéiere vu muer un (3.6.2021) eng nei Produktioun vum Strawinsky sengem Minidrama.