Klassik aktuell
En Damentrio
Zwou Solistinnen, eng Dirigentin an den Orchestre de Chambre du Luxembourg, dat ass d'Konstellatioun en nächste Sonndeg (6. Juni 2021) um 17.00 Auer op der Bün vu der Philharmonie. Solistinnen am W.A. Mozart sengem Concerto fir Flütt an Harf sinn d'Flüttistin Hélène Boulègue an d'Harfenistin Anaïs Gaudemard, déi schonne puer mol mat enee gespillt hunn. Weider proposéiert Chefdirigentin vum OCL, d'Corinna Niemeyer, nach dem Joseph Haydn seng Symphonie "Mit Paukenwirbel" an déi sougenannt klassesch Symphonie vum Serge Prokofiev. D'Corinna Niemeyer ass haut Invitée beim Manuel Ribeiro am Studio.