Klassik aktuell
Kinnek vum Walzer, Meeschter vun der Operett
"Acht Takte von Wiener Blut und ich gebe eine ganze Oper dafür - es ist viel schwerer, einen schönen Walzer zu schreiben als eine mittelmäßige Symphonie zu komponieren.", sot de Richard Strauss iwwert säin éisträicheschen Homonym Johann Strauss. Mat sengem "Rosnekavalier" hat deen däitsche Strauss probéiert, eng Grëtz Zäit vum Wiener Strauss nei ze beliewen. Et war Zäit vum Biedermeier, wou d'Mënschen no der Franséischer Revolutioun, no den napoleonesche Kricher sech an enger gewësser Gemittlechkeet a Gesellegkeet ageriicht hunn. D'Musek derfir liwwert ënner anerem de Johann Strauss, deen net fir näischt de Walzerkinnek genannt gëtt. Den 3. Juni 1899 stierft de Johann Strauss - an enger Zäit, wou d'Welt duerch d'Industrialiséierung scho längst nees aus hirer Gemittlechkeet gerappt war.