arrow_back_ios
Klassik aktuell
Suen a Musek
Dank enger zolitter Ierfschaft ass de Josquin des Prés finanziell onofhängeg. Säi Verméige léist en duerch Procurateure verwalten an och sënnvoll investéieren. Déi finanziell Onofhängegkeet bréngt et mat sech, datt de Josquin och net méi op Commandë fir Musek ugewisen ass. Dat erkläert och de ganz individuellen a villfältege Stil vum Josquin senge Kompositiounen.