Europa Aktuell
Back to Strasbourg: D'Europaparlament-Sessioun zu Strossbuerg
All Mount reesen déi ronn 700 Europadeputéiert plus hir Assistente plus d'EU-Fonctionnairen op Stroossbuerg, fir d'Plenière-Sessioun. Am Prinzip.
Zanter iwwer engem Joer steet d'Gebai um Bord vum Rhäin awer eidel. D'Europa-Parlament huet gréisstendeels online oder mat Reuniounen a reduzéierter Form zu Bréissel funktionéiert.
Haut awer ass et esou wäit: D'Sessioun vum Mount Juni gëtt vun haut un nees zu Stroossbuerg ofgehalen. Frankräich hat ferm Drock gemaach an drop gepocht, datt dat esou an den EU-Traitéë virgesinn ass.
D'Europaparlamentarier awer si gedeelter Meenung: Déi eng free sech drop, déi aner rëselen de Kapp a fannen et ze fréi dee Schrëtt ze maachen. D'Danièle Weber mat Detailer.