Klassik aktuell
"Net ouni meng Musek"
"Mir hu weidergemaach" - d'Philharmonie léist déi schwiereg Pandemie-Zäit hanner sech a freet sech nees op Concerte mat vill Publikum: eng Virfreed, déi vun der Kulturministerin Sam Tanson iwwer de President vun der Philharmonie, de Pierre Ahlborn, bis an d'ganz Ekipp geet. De Programm vun där nächster Saison ass eng Mëschung vu Projeten, déi onbedéngt an och direkt kënnen nogeholl ginn, a vun neien Iddien.
Artists in Residence sinn d'Geiistin Isabelle Faust an d'Sopranistin Joyce Di Donato, déi grad esou gutt an der Oper wéi am Jazz doheem ass. Prinzipiell setzt d'Philharmonie fir 2021/2022 op bekannt a confirméiert Consertsserië mat deenen ënnerschiddlechste musikalesche Faarwen.