arrow_back_ios
Fräie Mikro
Adrenalin versus Algorithmen
Den autonomen an intelligenten Auto wäert kommen. Wéi séier déi technologesch Evolutioun souwäit ass, decidéiert wéi ëmmer de fräie Maart an déi multinational Investisseuren. Op ville Plazen an der Welt ginn haut scho big data gesammelt an u Computer-Algorithme gefuerscht, déi eist eegent Verhale an Zukunft besser iwwerwaachen, wéi mir selwer. Dat werft vill Froen op, awer net ëmmer déi richteg, mengt d'Isabelle Medinger, fréier Journalistin an zanter iwwer 20 Joer Direktesch vun der Sécurité Routière.