Klassik aktuell
D'Winterreise als Ballet
D'"Winterreise" vum Franz Schubert als Lied-Owend op engem Programm ass e Klassiker, deen d'Frënn vu Lieder sech net entgoe loossen, zemools et ee vun deene gelongenste Lied-Zyklen aus dem 19. Joerhonnert ass. Wann d'"Wintereise" live op der Bün ass oder mat engem Ballet kombinéiert gëtt, kann de Public nach eng ganz aner Stëmmung vum Zyklus erliewen. Datt ass jiddefalls dem Choreograph vum Saarbrécker Staatstheater Steijn Celis säi Wonsch fir de Freideg, 11. Juni 2021 op der Bün vum CAPE Ettelbréck.
De Manuel Ribeiro huet sech mam Choreograph ënnerhalen.