arrow_back_ios
Klassik aktuell
"Musek ass mäi Liewen"
Gëschter Owend war déi italieenesch Pianistin Beatrice Rana fir e Récital an der Philharmonie. Et war hiren Debut zu Lëtzebuerg a gewëssermoossen de Prelude op eng intensiv Zesummenaarbecht mam Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg. Am Januar d'nächst Joer ass d'Beatrice Rana Solistin op der Spuenien-Tournée vum Orchester a spéider am Mee ass si nach emol an der Philharmonie - dann zesumme mam Symphonieorchester vum Bayresche Rundfunk.