arrow_back_ios
Klassik aktuell
"Die lustigen Weiber" an d'Wiener Philharmoniker
Den 28. Mäerz 1842 ass zu Wien e Concert mat Membere vum Orchester vun der Hofoper - et ass de Grënnungsconcert vun de Wiener Philharmoniker. Organisateur an Dirigent war den Otto Nicolai. Den Nicolai war 1837 op Wien gaangen als Chef vum Kärntnertor-Theater. Säi gréisste musikalesche Succès als Komponist hat en allerdéngs 1849 zu Berlin: d'Première vun der Oper "Die lustigen Weiber von Windsor."