Kultur
Jäizeg wäiss Autoportraite vum Marc Wilwert am Kamellebuttek
De Marc Wilwert ass 1976 zu Lëtzebuerg gebuer, huet zu Léck an zu London Fotografie studéiert. Nom Ofschloss huet hien 12 Joer laang als Pressejournalist geschafft; mëttlerweil leet hien d'Fotothéik vun der Stad Lëtzebuerg. Dernieft huet hie sech awer och als Konschtfotograf en Numm gemaach: mat senge Portraiten, der Stroossefotografie, mat architektoneschen Opnamen. 2020 huet d'Fotografie fir de Marc Wilwert op eemol nach eng ganz aner Bedeitung kritt. De Kënschtler am Gespréich mam Kerstin Thalau