Klassik aktuell
Quo vadis Europa?
Fënnef Mol war de Victor Hugo zu Veianen - dacks just op Kuerzvisitt. Eng Ausnam mécht d'Joer 1871. Den 30. Mee 1871 muss de Victor Hugo d'Belsch verloossen, nodeems hien e Paräisser Communarde bei sech opgeholl hat. De Schrëftsteller installéiert sech fir eng länger Zäit zu Veianen, wou hien och en etlech Gedichter schreift.
Den 150. Anniversaire vun dësem Openthalt huet den Trio Cénacle - Evelyn Czesla, Nico Wouterse, Michèle Kerschenmeyer - zu engem zeenesch-musikalesche Projet inspiréiert mat engem Kuerzfilm an der Commande vun enger neier Kompositioun: "A Vianden" vum Marco Pütz. E Freideg (18.6.2021) ass d'Première am Mierscher Kulturhaus.