Klassik aktuell
Siwe Stonnen Cello
Wann ee virgëschter (14.06.) iwwer de Kierchbierg getrëppelt ass, war d'Warscheinlechkeet grouss jonke Musekerinnen a Museker mat engem Cello um Réck iwwer de Wee ze lafen. An der Philharmonie waren nämlech d'Auditioune fir déi nei Orchesterakademie. Alles an allem siwe Stonnen hunn dës Auditioune gedauert, bei deenen um Enn ee vu 37 Cellisten erausgesicht gouf. Deen dierf vun der nächster Saison u wärend zwee Joer Orchestererfarunge beim OPL sammelen.
Niewent de Kandidate war virgëschter och de Luc Boentges an der Philahrmonie an huet mat engem Kandidat a mat engem Member aus dem Jury geschwat.