Europa Aktuell
/ Interview: Valérie Hayer, franséisch Europadeputéiert vun de Liberalen
Interview: Valérie Hayer, franséisch Europadeputéiert vun de Liberalen
D'Europäesch Kommissioun ass amgaang déi éischt national Pläng am Kader vum europäesche Corona-Hëllefsprogramm unzehuelen. Et geet ëm vill Suen, dee ganze Plang ass ëmmerhin 750 Milliarden Euro wäert. D'Europaparlament huet déi lescht Woch en Appell gemaach, keng politesch Konzessioune bei der Adoptioun vun de Pläng ze maachen.
D'Parlament huet wëlles, d'Ëmsetzung vun de Pläng genee ze iwwerwaachen an huet dofir en Aarbechtsgrupp gegrënnt. D'Danièle Weber huet mat der franséischer Europadeputéiert vun de Liberalen, der Valérie Hayer geschwat, déi Member vun deem Grupp ass.