arrow_back_ios
Klassik aktuell
Concert des jeunes talents
Mat engem gudde Joer Retard feiert den Ensemble à plectre municipal vun Esch/Uelzecht seng 100 Joer weider. Ee vun deene Concerten, déi ofgesot goufen, gëtt en nächste Sonndeg (20. Juni 2021 um 17:00) am Centre culturel Altrimenti an der Stad nogeholl. Ënner dem Motto Concert des Jeunes Talents sinn et Studenten aus de Musekshéichschoulen, déi als Solisten zu Wuert kommen. De Manuel Ribeiro huet mam Dirigent vum Ensembel a Professer fir Mandolinn, dem Juan Carlos Munoz, geschwat.