arrow_back_ios
Klassik aktuell
Déi nei Saison vun der Metzer Oper
Le Comte d'Ory, La Sonnambula, Idomeneo, Mireille an aner Opere stinn um Programm vun der Rentrée vun der Opéra Metz-Métropole. Nieft den Operen ass d'Haus och d'Plaz, wou Ballet, Theater, Produktioune fir Kanner kreéiert a proposéiert ginn. Den neie Programm setzt sech zesummen aus Produktiounen, déi ausgefall waren, mee och Neiem. Den Direkter Paul-Émile Fourny freet sech, datt d'Haus endlech nees seng Dieren opmaache kann.
De Manuel Ribeiro huet mam Paul-Émile Fourny geschwat.