Europa Aktuell
Ursula von der Leyen op Europa-Tournee
750 Milliarden Euro schwéier ass en, den EU-Corona-Hëllefspak, deen de Länner am Wee aus der Kris hëllefe soll.
Fir un d'Suen aus dem EU-Dëppen ze kommen huet all Land missen e Plang mat spezifesche Projeten opstellen, an dee bis Enn Abrëll bei der Kommissioun erareechen. Zanterhier hunn d'Beamten zu Bréissel déi Proposen duerchgeholl, an dës Woch goufen déi éischt Pläng vun der Kommissioun adoptéiert.
Haut ass d'Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen zu Lëtzebuerg, fir d'Resultat vun der Evaluatioun vum Lëtzebuerger Plang ze presentéieren.
Detailer vum Danièle Weber