arrow_back_ios
Klassik aktuell
"Dolomiti"
Zanter 2011 gëtt et an der italieenescher Stad Allumiere een internationale Concours fir Marsch-Kompositiounen, deen am Zwee-Jores-Rhythmus leeft. Zwou Kategorië sti fir d'Kandidaten op: Marsch fir Cortège a Concertsmärsch. D'Finall vun der sechster Editioun war den 12. Juni, an de Gewënner an der Kategorie Concertsmarsch heescht Georges Sadeler. De Saxofonist a Member vun der Militärmusek huet mam Marsch "Dolomiti" den éischte Präis gewonnen.