Vill Neiproduktiounen, mee och Reprisen an eng Partie Kreatioune stinn um Programm vum Saarbrécker Staatstheater fir déi nei Saison. D'Haus huet och gläich dräi Gebuertsdeeg ze feieren, a wéi gewinnt huet den Intendant vum Saarbrécker Staatstheater, de Bodo Busse, sech e Motto fir d'Programmatioun ausgeduecht. Mat "In Gesellschaft" hofft d'Haus op eng Normalitéit am Kulturliewen. De Manuel Ribeiro huet mam Bodo Busse geschwat.
arrow_back_ios