Klassik aktuell
E gemeinsaamt Sproochrouer
Um symboleschen Dag vun der Fête de la Musique 2021 huet sech d'Alliance Musicale gegrënnt. Hiert Zil ass et, all Professioneller aus dem Museksberäich ze federéieren an ze vertrieden. De Grupp vu Grënnungsmemberen ëmfaasst esou divers Strukture wéi den Atelier, de CAPE, d'Rockhal, de Gudde Wëllen, d'Federatioun vun den Auteuren a Komponisten, d'Managementgesellschaft Foqus an d'Sacem, fir der nëmmen e puer ze nennen. De President vun dësem neien Zesummeschloss, de CAPE-Direkter Carl Adalsteinsson, erkläert d'Iddi an d'Motivatiounen hanner dësem Schrëtt.