Eigentlech war dës Opféierung am Kader vum 250. Gebuertsdag vum Ludwig van Beethoven geplangt. Elo, ee Joer méi spéit, steet déi musikalesch Opféierung fir Kanner tëschent dräi a sechs Joer zu Miersch am Kulturhaus op der Affiche. Den Trio Dora an d'Musekspädagoginnen Jenny Spielmann a Catherine Hengesch proposéiere mat "D'Mina an déi vergiesse Melodie" eng interaktiv Geschicht, an där d'Musek vum Bonner Komponist am Mëttelpunkt steet. De Luc Boentges werft mat de bedeelegten Artisten e Bléck hanner d'Kulisse vun dësem Stéck.
arrow_back_ios