arrow_back_ios
Europa Aktuell
Europaparlament diviséiert iwwer Avortement
An der Europäescher Unioun hu Fraen ganz ënnerschiddlech Accès zu enger Betreiung wärend der Schwangerschaft oder awer enger Ofdreiwung. Am Europaparlament gouf et an de leschte Wochen hefteg Debatten zu deem Theema.
Den Text, iwwer dee gëschter ofgestëmmt gouf, war héich ëmstridden. Observateuren hu vun enger Ambiance geschwat, déi extreem ugespaant war. Virun allem ultra-konservativ Organisatiounen hunn intensiv Lobby-Aarbecht bedriwwen - an och Zousproch am Parlament krut.
Vu Bréissel d'Agathe Cherki