arrow_back_ios
Klassik aktuell
Eng Zäit voller Räichtum
No senger Zäit zu Mailand geet et fir de Josquin des Prés op Roum, wou hien als ee vu just 24 Sänger am Chouer vum Poopst séngt. Et ass eng Zäit, an där d'Kierch vill an d'Bild vun der Stad an an d'Konscht investéiert. Gläichzäiteg ass et eng Zäit, déi immens gutt dokumentéiert ass.
De Joachim Fontaine proposéiert a senger Serie ronderëm de 500. Doudesdag vum Komponist en Ëmrëss vun dëser Stad, an där de Josquin des Prés fënnef Joer laang gelieft huet.