arrow_back_ios
Fräie Mikro
Matenee schwätzen oder besser een deem aneren nolauschteren
Elo wou mer erëm méi Kontakt mateneen hunn, an eis erëmgesi kënnen, mussen a kënne mer och erëm matenee schwätzen. Nolauschteren, verstoe wëllen, sech wierklech interesséiere fir dat, wat deen aneren ze soen huet a wien deen aneren ass, dat ass heiansdo richteg schwéier, mengt d'Karin Weyer, Direktesch vum Zentrum géint Radikaliséierung respect.lu.