Klassik aktuell
"Ech maachen dat, wou meng Séil mech hiféiert"
Mat hirem Disk "Fantasque" - zesumme mam Pianist Josu de Solaun, huet d'Geiistin Franziska Pietsch de Präis an der Kategorie Kammermusek vun den International Classical Music Awards (ICMA) 2021 gewonnen. Fir d'Franziska Pietsch ass dëse Präis net just eng Unerkennung, mee op eng Manéier och den Aboutissement vun enger laange perséinlecher Rees. Dës Rees huet an der fréierer DDR ugefaangen, wou d'Geiistin als jonkt Talent vun den Autoritéite gefërdert a gepuscht gouf, bis op deen Dag, wou hire Papp, selwer Museker, no enger Tournée am Weste blouf. Vun deem Ablack u war déi jonk Musekerin an der DDR "Persona non grata", an et koume schwiereg Jore fir den Teenager - eng Zäit, fir déi d'Franziska Pietsch laang gebraucht huet, bis si se verschafft hat.