Klassik aktuell
En Zougang zu der klassescher Musek aus Lëtzebuerg
Goung et bis ewell ëm Fräiheetslidder, Koméidisstécker, Operen, satiresch Lidder an d'Nationalhymn, dréit sech den neie Band aus der Serie "De Litty" ëm déi klassesch Musek am Grand-Duché. Dës Hefter, déi de Centre d'études et de documentation musicales vun der Nationalbibliothéik (Cedom) zesumme mam Educatiounsministère publizéiert, riicht sech ënner anerem un d'Enseignanten am Fondamental an am Secondaire. Zil ass et, de Schülerinnen a Schüler déi lëtzebuergesch Kultur méi no ze bréngen an dem Léierpersonal déi dofir néideg pedagogesch Materialien zur Verfügung ze stellen.
De Luc Boentges huet sech mam Georges Urwald, dem Auteur vum "Litty", getraff, fir méi iwwer déi nei Publikatioun gewuer ze ginn.