arrow_back_ios
Klassik aktuell
Roum an d'Sakralmusek
Géint der Enn vum 15. Joerhonnert kënnt de Josquin des Prés an den Déngscht vum Kardinol Ascanio Sforza, Member vun der Herrscherfamill vu Mailand an der Lombardei. Wéi de Kardinol op Roum geet, quasi als Diplomat a Vermëttler tëschent dem Poopst a Mailand, geet de Josquin mat. Zu Roum läit dem Komponist säi Fokus op der geeschtlecher Musek.