arrow_back_ios
Klassik aktuell
Merci un d'Gesondheetspersonal
"Concert en l'honneur des soignants et des médecins" ass d'Soirée mam Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg en Donneschdeg (8. Juli 2021) an der Philharmonie iwwerschriwwen. Dëse Concert gëtt e Freideg (9. Juli 2021) widderholl. Béid Owenter stinn och ënner dem Motto "Kinnekswiss at the Phil - a Night of Encores" amplaz vum traditionelle Concert am Park an der Stad.
De Manuel Ribeiro huet mam Direkter vun der Philharmonie, dem Stephan Gehmacher, geschwat.