"Concert en l'honneur des soignants et des médecins" ass d'Soirée mam Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg en Donneschdeg (8. Juli 2021) an der Philharmonie iwwerschriwwen. Dëse Concert gëtt e Freideg (9. Juli 2021) widderholl. Béid Owenter stinn och ënner dem Motto Kinnekswiss at the Phil - a Night of Encores, amplaz vum traditionelle Concert am Park an der Stad.
De Manuel Ribeiro huet mam Direkter vun der Philharmonie, dem Stephan Gehmacher, geschwat.