arrow_back_ios
Klassik aktuell
Déi nei Saison vum CAPE
Fir 2021/22 konnt de CAPE 100 Prozent vun deem, wat an dëser Saison ausgefall war, reprogamméieren. 40 Prozent dervu si Musekseventer, eng Saach déi dem Direkter Carl Adalsteinsson immens wichteg ass, fir koherent a senger Programmatioun ze bleiwen. Nieft Klassik, Jazz a World ass d'Haus, wéi den Numm Centre des Arts Pluriels et verréit, d'Plaz, wou sämtlech Konschtformen eng Plattform fannen. Dëst ass a bleift weider de roude Fuedem vum Konzept vum Ettelbrécker Haus. De Manuel Ribeiro huet mam Direkter vum CAPE, dem Carl Adalsteinsson, geschwat.