arrow_back_ios
Klassik aktuell
Vu MusicLX bei KulturLX
"Soutenir et accompagner la culture et la création luxembourgeoises", ënner dëser Devise huet sech KulturLX gëschter am Kulturministère presentéiert. Ee Joer no senger Kreatioun huet de Lëtzebuerger ArtsCouncil seng Projeten a Struktur virgestallt. D'Initiativ ass ee vun de Projeten am Kader vum Kulturentwécklungsplang, deen d'Regierung fir d'Joren 2018 bis 2028 opgestallt huet. Eng Sektioun vu KulturLX këmmert sech ëm de Beräich Musek - dat wat bis dato MusicLX gemaach huet.