Zéng Concerte stinn op der Affiche vun der Serie Midi Musical 2021. An dräi verschiddene Kierchen an der Stad sti Concerte fir Uergel solo, Uergel mat engem Solo-Instrument a vum Ensembel Ad Libitum um Programm. Organiséiert gëtt dës Serie tëschent dem 15. Juli an dem 16. September ëmmer mëttes tëschent hallwer eng a véierel op eng ënner anerem vum Ensembel Ad Libitum an den Amis de l'Orgue Luxembourg.
arrow_back_ios
Klassik aktuell
Musikalesch Mëttesstonnen
