arrow_back_ios
Klassik aktuell
L'émotion au pluriel
D'Stater Theateren hu gëschter (7.7.2021) hir nei Saison presentéiert. Um Programm sti vu September 2021 un ënner anerem dräi grouss Operen: "Le Nozze Di Figaro" vum Wolfgang Amadeus Mozart, "Rigoletto" vum Giuseppe Verdi a "Carmen" vum Georges Bizet. Et gëtt awer och Kreatiounen am Musekstheater.
De Manuel Ribeiro huet mam Direkter vun de Stater Theateren, dem Tom Leick, iwwer déi nei Saison geschwat.